Geckegt Spill: gewannt ee Kuch vum Bäcker Gerard

[vimeo width=”600″ height=”365″ video_id=”39364469″]
D’Aufgab dëst Kéier: esou laang wéi méiglëch een Ee dréinen loossen. Mir hun schons mol 19,7 Sek. virgeluecht? Wee packt méi?
Denjenigen deen d’Ee am längsten dréinen léisst gewënnt de Kuch fir 20 Persounen. Et ass ee Kuch vum geckege Bäcker Gerard mat engem eegenen Wonschmotiv. Allez, ran an die Eier!
Regelen:
1. du muss den Rekord filmen an op der Pinnwand vun puppelchen.lu weisen. Daat kannst du entweder direkt am Facebook eroplueden oder dëch bei Vimeo, Youtube o.ä. umelden an mat engem Link op der Pinnwand weisen.
2. de Concours leeft vum 31.03. bis 8.4. (Ouschtersonndëg).
3. op dem Film muss d’Ee di ganze Zäit ze gesinn sin vun der 1. Sekonn bis di lescht
4. jiddereen kann esou dacks matmaachen wéi ë wëll. Wann een anneren dein Rekord geschloen huet, kanns du roueg nach eng Kéier matmaachen.
Bonne chance.


